Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#38 Extas zu München

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dës Woch war et eng Buvette Late-Night-Show well de Gilles zu München ënnerwee war an eng Stad am Ausnamezoustand virfënnt. An et huet een d’Gefill, et gëtt manner iwwert d’Meeschterschaft geschwat wéi iwwert de Golrekord, wou d’Meenungen an der Buvette ausernee ginn. Eng perfekt Dortmunder Woch bréngt dann awer och Froe souwuel iwwert den aktuelle wéi och iwwert den zukünftegen Trainer op. Dramatesch bleift et weiderhin am Tabellekeller an an den europäesche Ligaen decidéiert sech da villes nach de leschte Spilldag.

# 37 Drama Baby Drama!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dramatesch spannend bleift et! An der BGL-Ligue, wou d’Fola d’Dier fir Diddeleng an Hesper nach eng Kéier opmécht an de Progrès a Racing sech weider em déi 4. Plaz streiden. A Spuenien, wou keen an den direkten Dueller vun den éischte 4 gewënnt. An zu gudder Lescht an Däitschland, wou net nëmmen an der 1. Liga géint den Ofstig gekämpft gëtt, mee wou virun allem an de Ligen ënnendrënner de Bam brennt an et ob eng (an des Kéier wierklech) bescht 2. Liga rausleeft. Wat den HSV misst maachen, fir rëm sympathesch ze sinn an ee Grond, firwat et sech géif lounen, de Ronaldo bei Bayern ze gesinn, héiert dir an der neier Episode “...”.

# 36 Rapp a Klapp

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et huet gerabbelt de Weekend, an dat leider net nëmmen am Filet. Ob an der BGL-Ligue, an der Ligue 1 oder an der Premier League, an der Kabinn, um Terrain oder virum Stadion, et war quasi alles derbäi. Wat de sportlechen Deel ugeet, bleift et hei zu Lëtzebuerg weiderhi spannend an an Däitschland kënnt et an der Coupe zur erwaarte Final. An fir déi, déi net wësse wat se déi nächst Deeg kucke sollen, huet den Dylan e klenge Programm opgestallt.

# 35 Ticket wannechgelift!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Se war sou séier fort, wéi se komm ass: d’Super League wäert et net ginn. De Problem awer bleift, well d’Reform vun der Champions League ass net wierklech besser, woumat mer rëm bei de Kolleege vun der UEFA wieren. Wéi gutt dass et d’BGL-Ligue gëtt, wou een dierf gespaant sinn, wien de leschten Ticket fir déi europäesch Plaze krit. Wat Ticketen ugeet, kennt sech de Ben spéitstens no dëser Episod, ganz gutt aus. An der Bundesliga ass de Moment wuel keng Equipe besser ënnerwee wéi déi Mainzer mat eisem Mettelfeldmotor Leandro Barreiro, wat och d’Bayern an en Lewandowski hu missen agesinn. A säit dësem Weekend dierf de Gerson Rodrigues sech ukrainesche Champion nennen.

# 34 Super onnéideg

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass eng Noriicht, déi engem als Fan just nach d’Flemm andreift an dofir gëtt an der Buvette och kee Blat virun de Mond geholl. D’Super League wäert de Fussball, wéi mir en kennen, zerstéieren an och wann et nach vill oppe Froe ginn, gouf eng éischt awer relativ kloer Analys gemaach. Dowéinst ass de ganze Recht aus dëser Fussballwoch och bësse vernoléissegt ginn, ausser dass en Lëtzebuerger d’Super League gewonnen huet.

# 33 Trauzeuge Sascha

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Quasi vum Terrain an d’Buvette virun de Mikro an domat nach voller Emotiounen, hellt de Ben eis rëm mat an d’BGL-Ligue. An der Bundesliga schéisst de Leandro Barreiro en Gol fir seng Faarwen, dee méi wichteg net kéint sinn an et freet een sech, wou säi Wee nach hiféiert. A wéi enger Hisiicht den Dylan d’Formel 1 léiwer huet wéi de Fussball a wéi eng zwee Spiller en Dramduo am Stuerm géife bilden, héiert dir an der neier Episode "Trauzeuge Sascha".

#32 Dylan mat der Schuffl

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eis Rout Léiwe gi no engem excellente Match géint d’Portugise leider net belount. Dofir awer de Gerson Rodrigues, dee fir déi éischte Kéier am ‘Team of the Week’ lant. De Bundesliga Spilldag war absolut fir d’Kaz a fir de Recht war et eng Episod, déi vu méi oder manner gescheite Kommentaren a Gesabbels gelieft huet, dat mat engem Dylan, deen an Topform war.

# 31 Punkten um Compte

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

En Weekend wéi een sech en virstellt: De Ben freet sech iwwert 3 Punkte mam Progrès an eis Rout Léiwe gewanne sensationell zu Dublin! Eng komplett verdéngte Victoire léist hoffen op méi, och wann lo keen anere Géigner wei Portugal am Josy ob si waart, mat engem Ronaldo, deen seng Roserei well rausloossen. An der Buvette versteet awer och keen, firwat et net an all Stadion Torlinientechnik gëtt a stellt d’UEFA a Fro, déi niewebäi vergësst, dass mir grad mat enger Pandemie kämpfen. Zum Schluss dann nach eng Propose, wéi den Tournoi am Summer kéint gespillt ginn.

# 30 Nach eemol Josy fir de Chrescht

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An der BGL-Ligue ginn d’Matcher lo endlech live iwwerdroen, och wann dat nach net ganz ouni Problemer leeft. D’Lännermatcher kéinten historesch ginn, well et hofft een, déi 3 Thill-Bridder zesummen um Terrain ze gesinn an d’Chance stinn och guer net sou schlecht. Donieft huet de Ronaldo nach eng Kéier d’Chance, sech vun de Soundboxen an dem wonnerbare Wuess am Stade Josy Barthel ze iwwerzeegen. De Weekend an der Bundesliga war fir den neutralen Zuschauer ganz spannend, och wann déi wichteg Matcher no de Lännermatcher ustinn. Dat gëllt och fir de Leandro Barreiro, deen d’Mëttelfeld zu Mainz am Moment schéin am Grëff huet.

# 29 De Norweger aus dem Labo

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Géint d’Fola vun Esch ass de Moment kee Kraut gewuess, mee och de Progrès bréngt sech lues awer sécher an eng komfortabel Tabelleregioun. An der Champions League schéisst een am Labo geziichten Norweger alles kuerz a kleng an och wann d’Resultat eppes anescht seet, war Barcelona net ouni Chance am Duell géint de franséische Meeschter aus dem Katar. An der Buvette gëtt dann awer och iwwert de Nofollger vum Jogi Löw diskutéiert an an der Premier League war ee Gol méi spektakulär wei de Bundesliga Spilldag. Fir de Weekend ofzeronnen, huet eise Sheriff Sébastien nees eng Kéier geknipst.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us