Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 220 - Netto Spillzäit

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir kucken erëm op de vergaangene Fussballweekend: Rouspert mécht et géint Déifferdeng nach eemol spannend, mee verléiert trotzdeem; ee Spiller vu Walfer nominéiert sech fir de Puskas Award; den Thomé huet wéi et schéngt eppes géint de Frank Bourgnon; de Spiller vun Hesper bréngt den Handy mat op den Terrain an nach villes méi. Alles dat a nach méi Detailer wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Netto Spillzäit.

Episod 219 - Wou geeeeees de?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir kucken nees op de Lëtzebuerger Fussball: Déifferdeng iwwerrennt Walfer, Stroossen ass nach ëmmer ouni Nidderlag am Championnat, de Ben leeft sengem Géigner fort a schéisst ee Gol. Ënnert anerem kucke mir awer och op d’Trainerwiessel am Fussball, Interviews am Gol an dem Ben säin ale Kolleeg de Rene Peters. All dat a nach méi an dëser Episod Buvette - Wou geeeees de?

Episod 218 - D'Léiwen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

No laangen zwou Woche Lännermatchpaus si mir nees do an et gëtt genuch ze beschwätzen. Wat hunn d’Rout Léiwen eis gewisen? Wéi huet d'U21 gespillt? Wat war déi läscht Wochen an der Éierepromotioun an an deenen ënneschte Lige lass? Alles dat nach villes méi an dëser Episod Buvette mam Titel "D'Léiwen".

Episod 217 - Schwaarze Weekend fir Vogels

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

E schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a schwätzen iwwer de Spëtzematch Mondorf vs Stroossen, de Start an der 3. Divisioun a vill Goler n der Éierepromotioun.

Episod 216 - D'Ballfëscher vum Camping

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Fussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der Internetsäit ze gesinn? Alles dat a nach vill méi onwichteg Saachen an dëser Episod Buvette 216 - D'Ballfëscher vum Camping.

Episod 215 - Rout Kaarten iwwer rout Kaarten

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum Spilldag, Walfer huet den Toppscorer an da goufen et genuch rout Kaarte bei bal all Matcher. Da schwätze mir nach iwwer nei Transferten am Land a bewäerten de neien Trikot vun der FLF.

Episod 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer als Ofsteiger betitelt a Stroossen huet nach kee Géigegol kasséiert. Zu Beggen gëtt et een Influencer am Gol, masseg rout Kaarten an der Éierepromotioun an eng gutt Stëmmung zu Menster. All dat a nach vill méi an dëser Episod Buvette 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder.

Episod 213 - Stade Brian Madjo

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu Käerjeng lass war. Dann ass och d'Éierepromotioun lass gaangen an där den Toni Luisi ee wansinneg schéine Gol geschoss huet. Och déi éischt Divisioune ginn an dëser Episod beschwat, an där Menster direkt mam Ostkracher géint Gréiwemaacher start an et gëtt ee Grond firwat de Racing iergendwann de Stadionnumm ännere muss. Alles dat a nach vill méi an der Episod 213 mam Numm Stade Brian Madjo.

Episod 212 -  Do si mir erëm

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

No enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender Woch u geet et dann nees mam ale gewinnte Programm virun: Nationaldivisioun, Éierepromotioun an sou weider.

Episod 211 - Coupe Final

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu Buvette: Fanmarsch, Busrees, Match, Béierdusch, Stëmmung an nach villes méi. Dëst ass dann och déi lescht Episod fir dës Futtballsaison am August geet et dann nees weider. Vill Spaass mat der Episod: Coupe Final!

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us