Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#46 Harmonesch ënnerwee

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et harmonéiert an der Buvette, wat och doru läit, dass ee vun dem aneren, Woch fir Woch, léiert! Deck Loft gëtt et awer dogéint zu Käerjeng, och wann et alles anescht wéi schlecht leeft. A wärend zu Bremen de Mitchell Weiser um Terrain fir Gespréich suergt, mécht den Tim Wiese et uewen an der Buvette.

#45 No XXL kënnt Lukaku

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Lännermatcher sinn eriwwer an d'Spiller dierfen zréck bei hier Veräiner, och wann deen een oder aneren en Ëmwee maache muss. Wärend d'Bundesliga mat sengen net all ze spannende Samschdes-Mëttes Konferenze kämpft, huet d'Premier League rëm hier Attraktivitéit bewisen: de CR7 mellt sech, wéi och anescht, mat Goler zeréck a fir de Big Rom mussen se deemnächst vläicht nei Gréissten definéieren. Mee och dem Messi säin Hobby-Championnat huet en neie Star, well eise Gerson seng nei Faarwen direkt zur Victoire schéisst.

#44 Éischt 3 Punkten am Léiwen-Park

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wärend den Dylan den Zenit vu senger Karriär erreecht huet, hat de Gilles d'Méiglechkeet, de neie Stadion beim Match géint Aserbaidschan ënnert d'Lupp ze huelen. Net nëmme konnt Lëtzebuerg komplett verdéngt 3 Punkten huelen, mee et ass och héich Zäit ginn, de legendäre Josy Barthel hannert sech ze loossen, well den "Léiwen-Park" huet alles, fir zum Hexekessel ze ginn, wann en mol bis voll ass. A wann der bis emol an de Genoss kommt, denkt un är Jackett!

#43 Vu Buvette zu Buvette

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass déi éischte Kéier, dass déi 3 aus der Buvette beienee sinn an ophuelen an zesumme schaffen si en Weekend op, bei deem et vun enger an déi aner Buvette gaangen ass. Sou stoung den nationale Fussball des Kéier am Virdergrond, och wann et international virun allem den Transfert vum Ronaldo war, dee bëssen aus dem näischt koum an iwwerrascht huet. An dann ass d’Virfreed op d’Lännermatcher des Woch grouss, well d’Buvette live mat derbäi wäert sinn. Huel se!

#42 Ahoi Kapitän

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Ahoi ass d'Motto vun dëser Episod. De Kapitän Gilles mëllt sech live aus Sardinie vum Boot fir dem Ben a Dylan hir Victoiren ze kommentéieren. Ausser engem Platzstuerm zu Nice, engem Eelefmeter mat zwee Bäll a Schalker Konstanz, hunn d Jongen hir üblech Liblingstheme behandelt.

#41 Kreisligalegende

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Dylan lieft säin Dram a feiert säin Debut an der Kreisliga, de Ben verlaangt sech um Terrain alles of an de Gilles genéisst dat Ganzt vu baussen. Sou hat jiddereen op seng Aart a Weis en intressante Weekend mat vill Fussball, well nieft der Bundesliga, déi scho rëm mat engem VAR-Skandal an d’Saison start, huet och d’Premier League an d’spuenesch Liga ouni Messi ugefaangen. Ausserdeem sinn och rëm eis Lëtzebuerger Nationalspiller aktiv, woubäi een eng extra Aufgab aus der Buvette kritt.

#40 Waasserball um Progrès

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D’Buvette geet an déi zweet Saison an endlech leeft et rëm wéi een et gewinnt ass: Leit op den Tribünen, Béier an der Buvette a Wurschten um Grill. Zu Nidderkuer gouf méi Waasser- wéi Fussball gespillt a soumat hat de Ben leider e kuerzen Optrëtt um éischte Spilldag an der BGL-Ligue. An Däitschland start d’Saison dann sou richteg mam DFB-Pokal a genau sou wéi verschidde Bundesligiste Problemer haten, den éischten Tour ze packen, hunn d’Jongen aus der Buvette Problemer Prognose fir d’Bundesliga ofzeginn. Zu gudder Lescht gëtt d’Messi-Drama ugeschwat a kuerz iwwert d’Transferten duerch Europa diskutéiert, woubäi een Transfert ganz kloer rausstécht.

# Den EM-Special aus der Buvette! (2)

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D’Europameeschterschaft ass dann och elo eriwwer an d’Jongen aus der Buvette gratuléieren dem wuel verdéngte Gewënner aus Italien, zéien e Bilan vum Tournoi a kucke mat engem Aen an déi nächst Saison.

# Den EM-Special aus der Buvette! (1)

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den EM-Special aus der Buvette! D’Stëmmung ass mëttlerweil do, an dat läit och virun allem un den Zuschauer, déi rëm erlaabt sinn. Gefierften Hoer, en absolutte Schock-Moment, ongewéinlech Pressekonferenzen, Iwwerraschungen an Enttäuschungen, langweileg ass déi EM definitiv net. Déi 3 Hobby-Experte Ben, Dylan a Gilles si rëm do an huelen déi eenzel Gruppen ënnert d’Lupp a kucke wat bis elo sou geschitt ass.

#39 Duuscht an alle Ligaen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Buvette déi lescht! Mir schléissen dës Saison mat enger Episod of, wou mer dem Ben säi Gol feieren an hien seng Equipe domat an der Course em déi 4. Plaz hält. Dat bedeit een oder deen anere Cageot fir hien an dat ass wuel d’Stéchwuert bei ganz ville Veräiner an deene verschiddene Ligaen an Europa, vu Championne wéi Lille oder Atletico iwwert Qualifikatioune vun Union Berlin bis zu Opsteiger wéi Hansa Rostock, wou ee rëm besonnesch erausstécht. Dann soe mir villmools Merci fir de Support bis heihin a mir héieren eis, ofgesi vum EM-Special, am August rëm, wann déi grouss Ligae rëm ufänken.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us