Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 82: Geschnëtzeltes Crème Champignon

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Nodeems et lescht Woch Boulette gi sinn, dëschen d'Jongen aus der Buvette dës Kéier da mol nees eppes op, och wann et en zweete Versuch gebraucht huet. Ganz ongewinnt huelen déi Dräi des Kéier un engem Stéck op a braddele wei gewinnt iwwer de Weekend. Beim Dylan huet d'Saison ugefaange, de Ben war Kapitän an de Seba Thill bréngt lecker Flanken. Weidere Quatsch an dëser Episod.

Episod 81: Boulette Weekend

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Text: Dës Kéier treffen sech déi dräi aus der Buvette zu ganz ongewinnten Zäiten. Et ass zwar Feierdag zu Lëtzebuerg mee souvill gëtt et u sech net ze feieren... Goalkeeper déi eng Gaff maachen, Trainer, déi sech bal boxen a keng Punkten um Compte vum Ben. Ween ënnert der Woch e super Interview ginn huet beschwätzen déi Dräi och a schiele mat engem An op hier Kicker-Equipe.

Episod - 80 Merde, wou leeft da lo hei e Match?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wéi gewinnt gëtt an der Buvette erëm iwwer déi wichteg Theme geschwat. An der BGL Ligue rullt de Ball nämlech nees, d´Bundesliga huet och erëm ugefaangen, an an der zweeter Liga surft Lautern op enger Well. De Gilles an de Ben gi mëttlerweil och rëm a Stadiex Fussball kucken, wat dozou feiert mol déi eng oder aner prominent Persoun ze treffen. D´Fro ass nëmme wien.

Episod 79 - Zeréck an der Buvette

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

No enger gefillten Éiwegkeet setzen de Gilles, de Ben an den Dylan rëm an der Buvette. D'EM vun den Damme gëtt Revue passéiere gelooss, de Ben schwäermt vun engem herrlechen Dag um Betze an de Gilles mécht op d´Kicker Managerspill opmierksam. E labbere Start an déi nei Saison Buvette.

Episod 78 - Teschnesche Grottekick

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dei läscht Folg fir dës Saison an trotzdem eng ganz besonneg! Dei 3 aus der Buvette hu sech neemlech Gäscht agelueden fir op e ganz grousse Fussballsdaag opmierksam ze maachen! D'Missioun Grottekick an d FC Jeunesse Biwer sinn zu besuch an der Buvette a schwetze matt hinnen iwwer dei lescht Fussballswoch, an där zum Beispill d‘Hamburger Auer ass mee och firun allem fir op e besonnegen Daag anzelueden!

Episod 77 - Granulat in der Ritze

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Dylan suergt alt nees fir eng Iwwerraschung a sengt eppes, et gëtt sech d´Fro gestallt ob den Duksch oder de Füllkrug vu Bremen méi drénkt an da fält dem Gilles nach op, dass den Dylan bal géint de Kevin Großkreutz gespillt hätt. Ënnert anerem gëtt gefillt all Opsteiger a Meeschter genannt a kräiz a queer duerch d Lige geflunn. Eng ganz well Folg.

Episod 76 - Blo-Wäisse Weekend

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Dylan ass Opsteiger a kënnt aus der Feierei net raus, den Immer freet sech rem op d‘Revier-Derby an de Ben zitt eng batter Niddkuer-Bilanz vun deene leschten 8 Matcher. Ënnert anerem kucke ma wie nach sou opgestigen ass, a froen eis op d‘Stad Sevilla prett ass fir den 18.05.2022.

Episod 75: De Magath dee Fuuss

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

E Simon Terodde deem d‘Stëmmbänner gerass sinn, en Dylan dee beemol Zweekämpf gewennt an e Felix Magath, dee matt enger cleverer Aussoh fir déi nächst Bayern-Victoire suergt! Dat alles a nach weider Themen an der aktueller Folg.

Episod 74: Angry Birds

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Buvette, Episod 74: De Ben, de Gilles an den Dylan leeën de Fokus des Kéier méi op Lëtzebuerg an d'Bundesliga. En Davie Selke schéisst ee Goal a feiert zwee mol, d´Meeschterschaft vun de Bayern ass jidderengem egal an d'Mondorfer Angry Goats gi schnell mol mat engem bekannte Spill verwiesselt. Wat den Dylan e Samschdeg opgefouert huet a firwat de Ruhrpott sou schéin ass, an dëser Episod.

#73 Eeër, mir brauchen Eeër

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass Ouschteren a ganz nom Motto "Eeër, mir brauchen Eeër" diskutéieren de Ben, Dylan a Gilles iwwert déi geckeg Woch an der Champions League, d'Frankfurter Invasioun zu Barcelona an dem Ben seng selwer ernannte schlechtste Prestatioun op engem Fussballterrain.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us