Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 92 - Wann ech den Mbappé wier

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass eng bësse méi roueg Episod: déi Dräi aus der Buvette sinn e bësse midd, wat se awer net dovunner ofhale soll iwwert dat wichtegt Thema vum Weekend ze schwätzen. Wat war bei Königsdorf erëm lass? Wat géif de Ben maachen, wann en den Mbappé wier, a wéi geet een amfong richteg mam Video-Assistent Referee em? D'Buvette huet och dës Kéier erëm op all Fro eng Äntwert.

Episod 91- Wegbier Becks

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass erëm Dënschden an et gëtt vill ze beschwätzen. Firwat huet de Benzema ëmmer e Verband gedroen? A wéi enger Liga spillt den Dylan do a firwat heeschen d'Bouwen amfong d'Bouwen? Ënnert anerem kucke ma erëm an d'Bundesliga wou dem Gilles seng Dortmunder nees gewonn hunn an an d'Zweet Liga wou den Terrence Boyd erëm fir Lautern geknipst huet.

Episod 90 - Peaky Blinders oder Sherlock Holmes?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod schwätzen de Ben, de Gilles an den Dylan doriwwer, dass dat Duell "Haaland vs Van Dijk" éischter ausgesäit wéi wann e Croisières-Schëff géint en AirBus360 spillt. Ënnert anerem gouf et a Spuenien bei Barcelona e ganz besonneschen Trikot an den Dylan fänkt d'Episod als Eminem un.

Episod 89 - Do ass den Oli bal vum Stull gefall

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Dylan hat e wonnerbare Weekend zu Hamburg an de Gilles huet sech Samschdes zu Mainz blécke gelooss. Ënnert anerem erzielt eis de Ben firwat d'Spiller vu Wolfsburg an Augsburg haut alleguer schwaarz Zéiwen hunn. Wat u kengem laanscht gaangen ass, beschwätzen déi dräi och nach a kucke firwat den Oliver Kahn bal vum Stull gefall ass.

Episod 88: Dräi Këschten zu Wëntger

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Déi 88. Episod Buvette an et gëtt gebraddelt wéi ëmmer. De Gilles gëtt relativ gutt mam BVB verglach, de Ben erzielt vu senger Weltrees op Wëntger an den Dylan huet eng Erklärung firwat de Füllkrug net an der Nationalequipe spillt. Ënnert anerem erzielt den Dylan vu sengem Lautern-Ausflug an et gëtt sech d´Fro gestallt wéi krass den Erling Haaland iwwerhaapt ass.

Episod 87 - Lion King

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war Lännermatchpaus an trotzdeem gëtt et genuch ze zielen. De Ben an den Dylan hate fräi an hunn de Weekend genoss. De Gilles bréngt Gerüchter an d Gespréich an erzielt vu sengem Weekend zu München. Ënnert anerem gëtt de Gerson vun deenen dräi zum Lion King gekréint, op dem Pizarro säin Oofschlossmatch gekuckt an op e spezielle Podcast higewisen.

Episod 86 - Kung-Fu Panda

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Folg geet et nees "heiß hier". De Gilles huet net laang gebraucht fir ze wësse wiem säi Goal genau sou war wéi dem Haaland säin, den Dylan erkläert firwat den Neymar eng giel Kaart krut an de Ben faasst d'BGL Ligue ganz einfach zesummen. Ënnert anerem gëtt iwwer d'Bayern geschwat a firwat weder de Ben, nach den Dylan dëse Weekend gespillt hunn.

Episod 85 - Sponsor-Bingo

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Folg widmen de Ben, de Gilles an den Dylan sech dem Lëtzebuerger Fraefussball, et gëtt op dem Ben an dem Dylan säi Weekend gekuckt a weiderhin stellt sech d Fro wéini een dann elo Hänns päife kann. Ënnert anerem gi ganz geckeg Theesen opgestallt wat de Max Kruse dann no senger Karriäre mécht a firwat de Ben zu Nidderkuer ëmmer Sponsor-Bingo spillt.

Episod 83 - Schwalbe oder Vogel

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

E Weekend fir d´Geschichtsbicher. De Ben gëtt mat giel rout vum Terrain geschéckt a verschidde Journalisten notzen dat natierlech fir en herrlecht Wuertspill. An dëser Episod schwätzen déi dräi och nach doriwwer, wei se de verréckte Match vu Kaiserslautern erlieft hunn a wat an der Bundesliga lass war. Ënnert anerem schéngt et sou wei wann déi dräi Loscht op e ganz bestëmmte Skandal hätten.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us