#65 Lëfteg Affär
Den zukünftege Snowboardlehrer ass nees do a soumat ass d'Buvette och rëm komplett. Fussballmatcher kennen heiansdo laang ginn, mee dat ass fir de Progrès grad sou gutt. Laang gëtt och deen oder anere Ball, wann een d'Rechnung ouni déi lëfteg Konditioune mécht, wei een dat de Weekend um Käerjenger Dribbel feststelle konnt. An wann Sonndes an der Bundesliga méi Goler fale wei Samschdes mëttes, da weess een, dass d'Konferenz rëm fir d'Kaz war.
Comments
New comment