Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#67 Biwer Baal

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng nei Woch an der Buvette heescht e weidere laangen an onnéidegen Text, dee souwisou kee Mënsch duerchliest. Et fält warscheinlech guer net op, dass et hei ganz a guer net em de Fussball geet, mee just dorëm, d'Zeilen ze fëllen, fir dass et op Spotify net sou eidel ausgesäit. A wann et iergendeen tatsächlech bis heihinner gepackt huet a sech freet, wat der Däiwel dat hei soll, da schwätzen d'Jongen aus der Buvette e grousse Merci aus a prosten op dech. Déi passend Diskussioun gëtt et an der neier Episod!


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us