Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 106 - Fréijoer am Fussball

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et mierkt een dass dobausse Fréijoer gëtt. D'Villercher zwitscheren, et ass e bësse méi waarm an den HSV fänkt rëm un den Opstig ze verspillen. Grousst Thema an der aktueller Buvette ënnert anerem, wéi d'Arbitter am Fussball behandelt ginn a wat mir fir Erfarunge gemaach hunn. Ob mir d'Reegelen iwwerhaapt nach wëssen? Da war och nach d'Revierderby mat engem ganz sauere Foul un de Bülter.

Episod 105 - "Lücke in der Mannschaftskasse"

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war esou vill lass an deene leschten Deeg a wei ëmmer gouf an der Buvette iwwer all Quatsch diskutéiert. Verspiert e Ben Vogel iwwerhaapt Drock bei engem Eelefmeterschéissen? Wat huet de Gilles alles zu München am Grünwalder erlieft? Wou sinn d'Suen aus der Bremer Mannschaftskasse a wéi vill Matcher muss de Leo Barreiro lo nach an der Bundesliga spille fir de Jeff Strasser ze iwwerhuelen? Dat a villes méi an der aktueller Buvette.

Episod 104 - Do falen engem d'Eeër aus der Box

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass erëm vill geschitt. De Gilles kuckt mëttlerweil 2. Bundesliga a bréngt do deen een oder anere Sproch mat an d'Buvette. Ënnert anerem sinn zwee Stiermer bei eis am Gespréich an et gëtt driwwer geschwat firwat de Selke erëm op de Buedem komme muss. Natierlech gouf och de Lëtzebuerger Fussball rëm geschwat a gekuckt wat iwwerall geschitt ass.

Episod 103 - Extra-Stonne fir den Dylan

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Dylan drénkt dann haut mol e Glas Waasser well Fuesent zu Köln dann dach méi haart war wéi erwaart. De Ben an de Gilles kréien et hin de Marc Thomé mam Julian Nagelsmann ze vergläichen an da gëtt och nach de Karim Adeyemi bis an den Himmel gelueft. Ënnert anerem gëtt e bëssen iwwer d'Champions League a verschidde skurril Geschichten an de Stadie gebraddelt.

Episod 102 - Gegen Gegen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dat nämmlecht Gebraddels wéi ëmmer: de Ben kritt et hin eng perfekt Zesummefaassung vu Bayern ze maachen, den Dylan war um Zappes-Cup Fan vun der Equipe Gegen Gegen an d'Sky-Moderatoren nerven ëmmer nach, woubäi de Ben do schonn e Nofollger fir den Didi Hamann fonnt huet.

Episod 101 - Haaptsaach e Jos

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war rëm immens vill lass. De Programm an der Buvette ass voll. Dem Ben fält op, dass zu Lëtzebuerg bal all Stadion e "Jos" am Numm huet an et gëtt de grousse Gewënner vum Gewënnspill genannt. Ënnert anerem schwätze mir iwwert déi aktuell Gefillslag vun all Lautern-Fan, de Frankfurt-President a wéi et méiglech ass vun der Ersazbänk e Goal ze schéissen.

Episod 100: Op déi Honnertst ustoussen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Buvette huet déi Honnert voll gemaach an dat gëtt souguer mat engem Special Guest gefeiert. Iwwer de Fussball gëtt trotzdeem gebraddelt an do gouf et och genuch ze beschwätzen. De Christian Streich huet e super Interview ginn, de Gnabry war op der Fashion Week a Kaiserslautern huet 3:1 gewonnen. Fir de Ben e Grond och mol déi Lëtzebuerger Kaiserslautern-Fans ze luewen.

Episod 99 - Klappjuegd mam Puyol

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D´Buvette ass no enger laanger Wanterpaus an där vill geschitt ass nees do. An trotzdeem huet sech näischt geännert. Fussball hunn déi 3 tatsächlech net esou vill gekuckt, mee Theme ginn et genuch fir ze schwätzen. Sou ënnert anerem de Puyol, dee mat 100 km/h duerch de Bësch leeft an de weltbekannte Monaco-Stammtisch.

Episod 98 - An de Bierger ass et glat

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D´Buvette geet an d´Wanterpaus. An dëser Folg zeien de Ben, de Gilles an den Dylan nach eng kéier e klenge Bilan aus der Hironn. Ënnert anerem fält op, dass sech zu Nidderkuer sou munches geännert huet. Dann ass dem Ben en Opruff vu Schengen opgefall an de Gilles bréngt dem Manuel Neuer seng aktuell Situatioun op de Punkt. An zu gudder Lescht gëtt et einfach nëmmen e Merci vun eis, un iech.

Episod 97 - Buvette Liveticker

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dobausse gëtt et esou lues fierchterlech kal an dat mierken och d'Jongen aus der Buvette. De Gilles fréiert schonn no 20m bei den Auto, den Dylan ass nom Match krank an de Fupa-Liveticker live Ticker léisst no. An trotzdeem ginn et do rëm herrlech Saachen ze berichten an dowéinst gëtt et an der Buvette elo déi nei Rubrik "De Liveticker". Soss gouf normal gebraddelt wei ëmmer an den Interview vum Schweinsteiger an dem Flick ënnert d'Lupp geholl.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us