Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 116 - Turnhal op Schalke

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Buvette ass no enger verdammt laanger Summerpaus rëm fir Iech do. An dëser Episod schwätze mir iwwer eng interessant Arbitter Doku, de Ben erzielt vu sengem Buchtipp, den Dylan erzielt wéi et beim Auswäertsmatch op Schalke war an de Gilles mécht drop opmierksam, dass och dës Saison rëm an der Buvette gespillt gëtt.

Episod 115 - Luerenzweiler meets Buvette

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et gouf laang driwwer geschwat a laang ugekënnegt dass d'Luerenzweiler Ekipp e puer Minutten an der Buvette kritt. No sou enger Saison kréien se elo eng ganz Episod an der Buvette. Vill Gebraddels a vill Infoen iwwer d'Opstigssaison vu Luerenzweiler an dëser Episod Buvette.

Episod 114 - Das Wunder von Mersch

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Des Kéier sinn de Ben an den Dylan eleng an der Buvette mee dat sollt se net hënnere fir iwwer genuch interessant Themen ze schwätzen. Wéi ass déi spuenesch Fussballkultur? Wie steigt of? Wie steigt op? Wéi eng Legende verloossen no dëser Saison de Lëtzebuerger Fussball? Mat wéi enge Mëttele wëll d'Jeunesse uewen an der Tabell stoen a klappt "das Wunder von Mersch"? All déi Froe ginn an der aktueller Episod Buvette gekläert.

Episod 113 - Speck an Ierbessen zu Paräis

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war vill lass an an der Buvette gi rëm déi wichteg Froe gestallt. Wat ass zu Paräis beim Messi lass? Wien ass zu Lëtzebuerg Meeschter ginn? Wien ass alles schonn opgestigen? Wéi gewënnt een en Derby géint Déifferdeng? Wat ass mam Davie Selke lass a wéi kann et sinn, dass den Gilles am Managerspill zweetleschten ass?

Episod 112 - Vum Progrès bei d'Victoria

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass eng Spezialfolg, et ass eng Pressekonferenz, et ass alles wat ee wësse muss. Eise Ben wiesselt vu Nidderkuer no der Saison op Rouspert zeréck an d´Buvette sinn déi éischt déi et gewuer ginn. Wat fir Erfarungen hëlt e vu Nidderkuer mat? Wéi eng Nummer kritt hien zu Rouspert? Wéi eng Roll spillt hien elo? Dat alles a nach vill méi hunn de Gilles an den Dylan de Ben gefrot.

Episod 111 - D'Babsi an der Experteronn

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Och wann et technesch Problemer ginn, geet d´Qualitéit vun den Themen an der Buvette net verluer. Mir schwätzen iwwer d´Babsi an der Experteronn, dem Gilles säin Ausfluch an de Borussia Park a mat wiem de Michael Ballack den Erling Haaland vergläicht.

Episod 110 - Buvette on Tour

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Endlech war et esou wäit...  Déi 3 aus der Buvette hunn et gepackt zesummen e Fussballmatch kucken ze goen. Leider war et net den Opstigsmatch vu Luerenzweiler, mee den Toppmatch aus der 2.Bundesliga. Kaiserslautern vs Hamburg. Doriwwer gëtt an der aktueller Episod natierlech ausféierlech geschwat, mee ënnert anerem och doriwwer wat zu Berlin lass ass, wien den Trikot vu Luerenzweiler designed huet a wat zanter 13 Matcher mat Nidderkuer lass ass.

Episod 109: 160.000 Mëttelfanger

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war rëm méi lass wéi geduecht. Den Dylan huet et bis op Braunschweig gepackt an et war kee vun deene schéinen Auswäertsmatcher. De Gilles war zu Dortmund an huet och rëm eng vill erlieft, de Ben huet verschlof a Luerenzweiler huet verluer. Zwou Saachen, déi et dëst Joer nach net gouf.

Episod 108 - E beschassene Match fir de Mario

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass eng vun deene stressegste Folgen an der Buvette-Geschicht. Op alle Fall fir de Ben. Trotzdeem kee Grond net iwwer déi aktuell Themen am Fussball ze schwätzen. Den Hermann Gerland hat de Weekend ee vun deenen authenteschsten Optrëtter am Doppelpass, den Maximilian Arnold ësst doheem Kelloggs mat Gin Tonic an den Dylan huet dem Gilles an dem Ben eng spannend Quizfro matbruecht.

Episod 107 - Dem Ben säi Fazit

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

No enger klenger Paus ass d'Buvette rëm do. Zwar nëmmen zwee vun dräi mee dat sollt duergoen, fir iwwer d'Lännermatcher ze schwätzen. De Ben huet ganz drësche seng Meenung zum 0:6 géint Portugal ausgeschwat, hat alt nees e Virschlag wéi een den Toppmatch an der Éierepromotioun hätt kéinten ausspillen an huet sech gemellt fir eventuell mol rëm e Match ze päifen.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us