Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 127 Arjen Robben vu Wish

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war rëm vill lass am Fussball. Wéi geet et mam Tuchel a Sky weider ? Wat ass bei Rouspert géint den UNK geschitt? Wéi huet den Dylan de Match géint de Mike Wunderlich erlieft? Wéi kritt den Urs Fischer trotz 12 Nidderlagen d'Leit op seng Säit? Genau déi a nach wieder Froe beschwätzen de Ben an den Dylan an der neier Episod Buvette.

Episod 126 - Net gepickt, mee gestochert

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng nei Woch an eng nei Episod Buvette. De Fussball schléift ni! An dowéinst hunn sech de Ben an den Dylan rëm sämtlech Froe gestallt. Wat war deemools zu Péiteng lass, wou et onfaassbar vill gereent huet, firwat ass den Thorsten Mattuschka esou e sympathesche Moderator a wisou gëtt aktuell zu Saarbrécken gestochert a net gepickt?

Episod 125 - Don't drink and drive

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et gëtt eppes ze feieren an der Buvette! Net nëmmen déi 125. Episod mee ochnach aner bestëmmte Saachen. De Fussball soll natierlech och rëm net ze kuerzkommen. Dowéinst ginn sech an dëser Episod ënnert anerem Froe gestallt, wat under Monnerecher Buvette esou gutt ass, wat de Gilles fir e Gedeessems huet derichtegen BVB-Trikot ze kréien a wat et an e puer Méint mat de Spiller vuSchalke geschitt.

Episod 124 - Euphorie

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

En Thema iwwert dat dat ganzt Land geschwat huet. Eis Nationalekipp. An dëser Episod vun der Buvette huelen de Ben an den Dylan d'Matcher géint Island a Slowakei ënner d'Lupp a schwätzen iwwert Zockerflanken vum Laurent Jans, iwwert eng super Stëmmung am Stadion an iwwert eng gesamte Fussball-Euphorie am ganze Land.

Episod 123 - Den Eden beim Henssler

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

123 Episode Buvette... Ufangs si mir nach zu zwee mee de Gilles gëtt och nach an dëser Episod agewiesselt. Mir schwätzen iwwert dem Ben seng Victoria Rosport, dem Dylan seng Königsdorfer a vill weider interessant Themen. Wat mécht den Eden Hazard elo no senger Karriär? Wat huet de Giroud net gepackt a firwat leeft et beim Ben a beim Dylan grad sou gutt, dass se rëm en 9 Punkte Weekend erliewen?

Episod 122 - Fehlendes Commitment

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war e laange Weekend fir déi dräi aus der Buvette. Den Dylan huet e fräie Sonndeg genoss a spillt en Dënschdeg eng éischt Coupe-Finall, de Ben huet mat Rouspert an der Coupe de Luxembourg fir eng Iwwerraschung gesuergt an de Gilles konnt sech alles a Rou ukucken. Iwwer d'Bundesliga gëtt dës Kéier natierlech och rëm geschwat an zemools iwwer dem Max Eberl säi feelend Commitment.

Episod 121 - D´Nuller-Vögel

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass. 24 rout Kaarten goufen et no 7 Spilldeeg an der BGL Ligue an de Ben ass der Saach natierlech op de Grond gaangen. Déi Mierscher sammelen als Opsteiger weiderhin hier Punkten an e Grond dofir ass de Stiermer Benny Bresch, iwwert deen de Gilles eng steil These opstellt. Beim Dylan an der TUS leeft et och an de Ben an den Dylan hunn an der lescht souguer eppes gemeinsam.

Episod 120 - Die Nummer sucht den Spieler

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Besser spéit wéi ni. D´Buvette ass rëm fir iech do. Wat ass mam Ben lass a wou kommen seng offensiv Aktiounen hier, géint wien spillt den Dylan an der nächster Coupe a wéi schéin war de Goal vum Golkipp vun Neapel wannechgelift? All dat a nach weider Froen hu sech de Ben an den Dylan an der néier Episod vun der Buvette gefrot.

Episod 119 - De klengen Iwwermotivéierte géint de grousse Faulen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng Woch déi vill Theme fir ze beschwätze mat sech bruecht huet. Lëtzebuerg gewënnt engersäits souverän 3:1 géint Island a kasséiert ob der anerer Säit 9 Goaler géint Portugal. D'Buvette hëlt an dëser Episod net nëmmen dëse Match ënnert d'Lupp, mee och d'Dokumentatioun vum DFB, den Trainerwiessel bei deenen Däitschen an natierlech d'Lëtzebuerger Ekippen déi de Weekend gespillt hunn.

Episod 118 - De Co-Trainer Ben

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass vill lass am Lëtzebuerger Fussball a villäicht kennt d'Lännermatchpaus genau richteg. Beim Ben wëssen se net méi op e nach Spiller oder Co-Trainer ass, d'Opsteiger glänzen an der Éierepromotioun an et ginn Diskussiounen iwwer eng speziell Nummer 1 zu Beggen. International huet dem Seba Thill säi Goal et an d'Nominatioun vum Tor des Monats gepackt an de Bonucci ass laut Buvette de Summertransfer schlecht hin.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us