Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 96 - Schnell a flësseg, mee firwat?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wat e Weekend. Masseg Punkten iwwer déi sech d'Jongen aus der Buvette freeën a n e schéine Freiden zu Köln. Ënnert anerem hunn déi dräi sech eppes iwwerluecht falls keen Arbitter op den Terrain kënnt an déi Ettelbrécker Buvette gëtt bis an den Himmel gelueft.

Episod 95 - Danke Seb

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'WM huet ugefaangen a soll awer net d'Haaptthema an der Buvette sinn. Bis op e puer kleng witzeg Saachen wéi eng ze héich Zuschauerzuel an en eidele Stadion no 60 Minutten, widmen déi dräi aus der Buvette sech deene wichtege Saachen. Den Dylan zum Beispill feiert dem Sebastian Vettel säi Karrieres-Enn op eng ganz besonnesch Aart a Weis an de Ben erzielt eis wéi ee de Match a 4 Méint géint Portugal kucke kann.

Episod 94 - De perfekte Weekend

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Wat e Weekend. Masseg Punkten iwwer déi sech d'Jongen aus der Buvette freeën a n e schéine Freiden zu Köln. Ënnert anerem hunn déi dräi sech eppes iwwerluecht falls keen Arbitter op den Terrain kënnt an déi Ettelbrécker Buvette gëtt bis an den Himmel gelueft.

Episod 93 - Schnell gaangen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war rëm vill lass an der Fussballwelt. Den Dylan war zu Bielefeld, zu Mënster war dem Gilles säin Toppmatch an d'Champions League gouf ausgeloust. Ënnert anerem kruten de Ben, de Gilles an den Dylan eng hannert d'Läffelen well net genuch iwwer déi ënnescht Lige geschwat gëtt. Ma guer kee Problem.

Episod 92 - Wann ech den Mbappé wier

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass eng bësse méi roueg Episod: déi Dräi aus der Buvette sinn e bësse midd, wat se awer net dovunner ofhale soll iwwert dat wichtegt Thema vum Weekend ze schwätzen. Wat war bei Königsdorf erëm lass? Wat géif de Ben maachen, wann en den Mbappé wier, a wéi geet een amfong richteg mam Video-Assistent Referee em? D'Buvette huet och dës Kéier erëm op all Fro eng Äntwert.

Episod 91- Wegbier Becks

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass erëm Dënschden an et gëtt vill ze beschwätzen. Firwat huet de Benzema ëmmer e Verband gedroen? A wéi enger Liga spillt den Dylan do a firwat heeschen d'Bouwen amfong d'Bouwen? Ënnert anerem kucke ma erëm an d'Bundesliga wou dem Gilles seng Dortmunder nees gewonn hunn an an d'Zweet Liga wou den Terrence Boyd erëm fir Lautern geknipst huet.

Episod 90 - Peaky Blinders oder Sherlock Holmes?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod schwätzen de Ben, de Gilles an den Dylan doriwwer, dass dat Duell "Haaland vs Van Dijk" éischter ausgesäit wéi wann e Croisières-Schëff géint en AirBus360 spillt. Ënnert anerem gouf et a Spuenien bei Barcelona e ganz besonneschen Trikot an den Dylan fänkt d'Episod als Eminem un.

Episod 89 - Do ass den Oli bal vum Stull gefall

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Den Dylan hat e wonnerbare Weekend zu Hamburg an de Gilles huet sech Samschdes zu Mainz blécke gelooss. Ënnert anerem erzielt eis de Ben firwat d'Spiller vu Wolfsburg an Augsburg haut alleguer schwaarz Zéiwen hunn. Wat u kengem laanscht gaangen ass, beschwätzen déi dräi och nach a kucke firwat den Oliver Kahn bal vum Stull gefall ass.

Episod 88: Dräi Këschten zu Wëntger

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Déi 88. Episod Buvette an et gëtt gebraddelt wéi ëmmer. De Gilles gëtt relativ gutt mam BVB verglach, de Ben erzielt vu senger Weltrees op Wëntger an den Dylan huet eng Erklärung firwat de Füllkrug net an der Nationalequipe spillt. Ënnert anerem erzielt den Dylan vu sengem Lautern-Ausflug an et gëtt sech d´Fro gestallt wéi krass den Erling Haaland iwwerhaapt ass.

Episod 87 - Lion King

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war Lännermatchpaus an trotzdeem gëtt et genuch ze zielen. De Ben an den Dylan hate fräi an hunn de Weekend genoss. De Gilles bréngt Gerüchter an d Gespréich an erzielt vu sengem Weekend zu München. Ënnert anerem gëtt de Gerson vun deenen dräi zum Lion King gekréint, op dem Pizarro säin Oofschlossmatch gekuckt an op e spezielle Podcast higewisen.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us