Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

# 30 Nach eemol Josy fir de Chrescht

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An der BGL-Ligue ginn d’Matcher lo endlech live iwwerdroen, och wann dat nach net ganz ouni Problemer leeft. D’Lännermatcher kéinten historesch ginn, well et hofft een, déi 3 Thill-Bridder zesummen um Terrain ze gesinn an d’Chance stinn och guer net sou schlecht. Donieft huet de Ronaldo nach eng Kéier d’Chance, sech vun de Soundboxen an dem wonnerbare Wuess am Stade Josy Barthel ze iwwerzeegen. De Weekend an der Bundesliga war fir den neutralen Zuschauer ganz spannend, och wann déi wichteg Matcher no de Lännermatcher ustinn. Dat gëllt och fir de Leandro Barreiro, deen d’Mëttelfeld zu Mainz am Moment schéin am Grëff huet.

# 29 De Norweger aus dem Labo

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Géint d’Fola vun Esch ass de Moment kee Kraut gewuess, mee och de Progrès bréngt sech lues awer sécher an eng komfortabel Tabelleregioun. An der Champions League schéisst een am Labo geziichten Norweger alles kuerz a kleng an och wann d’Resultat eppes anescht seet, war Barcelona net ouni Chance am Duell géint de franséische Meeschter aus dem Katar. An der Buvette gëtt dann awer och iwwert de Nofollger vum Jogi Löw diskutéiert an an der Premier League war ee Gol méi spektakulär wei de Bundesliga Spilldag. Fir de Weekend ofzeronnen, huet eise Sheriff Sébastien nees eng Kéier geknipst.

# 28 Sheriff Sébastien

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An der BGL-Ligue gëtt et en neie Leader a beim Progrès hätt ee gär ob en Déjà-vu verzicht. De Start an de Bundesliga Weekend war zimmlech null, an dat louch net nëmmen um Resultat, mee dofir war et nieft dem däitsche Klassiker virun allem eng rout Kaart, déi fir ganz vill Diskussioune gesuergt huet. Dann hofft een an der Buvette ob e weidere Lëtzebuerger Spiller an der Bundesliga a bei Liverpool bastelt een direkt um nächste Rekord. An well een net duergeet, ginn et der dëse Weekend direkt zwee: de Sheriff Sébastien schéisst e Gol iwwert den hallwen Terrain an de Gerson Rodrigues iwwerhëlt d’Verantwortung beim Eelefmeter.

# 27 Wettkönig Jochen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Derby zu Nidderkuer! Zwee Punkten an der Nospillzäit verluer, mee ëmmerhi kann ee rëm duschen am Stade Jos Haupert. A wann iergendeen mengt, et kéint net schlëmmer kommen, da kennt Schalke a beweist engem de Géigendeel: gefillt den hallwe Staff gëtt entlooss an och an der Buvette feelen engem esou lues d’Wierder. Zu Bielefeld ass een dann zur Conclusioun komm, dass een net méi Meeschter ka ginn a gehäit doropshin och den Trainer raus. De nächste Patt an der Buvette gëtt awer den Oli Thill, deen an der Ukrain säin éischte Gol konnt schéissen. Prost Oli!

# 26 De Ball dee rullt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass endlech souwäit: no éiwegem hin an hier rullt de Ball an der BGL-Ligue rëm! Fir de Progrès ass de Start alles anescht wei optimal verlaf, mee de Ben ass optimistesch wat déi nächst Wochen ugeet. An der Champions League wéi och an der Europa League léist de Reesbüro UEFA d’Equippen duerch ganz Europa fléien an et kann een sech d’Fro stellen, ob dat de richtege Wee ass. Wärend Frankfurt d’Bundesliga rëm spannend mécht, schafft Wolfsburg un engem neie Rekord a Schalke 0:4 kann nom Derby definitiv Matcher fir Méindes Owes plangen.

# 25 Reus oder Rose - Haaptsaach Dortmund

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng Episode ënnert ongewinnten Ëmstänn, mee nach ëmmer kee Grond zur Opreegung. Dat gëllt fir verschidden Häre vum “Mir stinn iwwert allem”-FC Bayern definitiv net, well do keng Geleeënheet ausgelooss gëtt, sech (nach méi) onbeléift ze maachen an dat kréien se an der Buvette ze héieren. A wéi kéint et um Rosenmontag anescht sinn: de Gladbacher Trainer wiesselt zur neier Saison ob Dortmund. Iwwerhaapt stoungen an dëser Episode d’Trainer am Fokus, well de Nürnberger Trainer seng Taktik grad sou gutt ob Chinesesch hätt kennen erklären. Een däitsche Spiller stécht de Moment awer ob sportlech Aart a Weis eraus an dat soll net onerwäänt bleiwen.

# 24 Erëm keng BGL Ligue

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et soll einfach net sinn... De Ben mat sengem Progrès, wéi och de Recht vun der BGL Ligue, kennt einfach net an d’Rullen. “Et kéint ee mengen, et hätt iergendeen eppes géint de Lëtzebuerger Fussball”, soll en gewëssenen Här Rummenigge gesot hunn. Trotzdeem war international rëm vill lass, vu geckege Matcher am DFB Pokal, iwwer VAR-Chaos an der Bundesliga a rëm en Toppmatch an England, wouropshin d’Championnat lues awer sécher an eng Richtung tendéiert. An net ze vergiessen, hu mer rëm en Lëtzebuerger Buteur a Persoun vum Laurent Jans, dee wéi et schéngt eng Geheimformel virum Match fonnt huet.

# 23 All 11 Sekonnen e Meter Béier

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D’Rolle sinn des Kéier kloer verdeelt: De Ben fillt sech prett fir d’BGL, den Dylan fuddelt am Online Training an de Gilles kuckt sech dat Ganzt vu baussen un a geet an där Zäit villäicht mat deenen Dortmunder Eelefmeter trainéieren. International war nawell eppes lass um Transfertmaart, och wann aus Lëtzebuerger Siicht näischt aus engem ganz geckege Wiessel ginn ass. Eng Noriicht aus Spuenien ass awer ageschloe wéi eng Bomm: Dem Lionel Messi säi Konto gëtt mat Millioune gesprengt an et ass net ganz einfach, déi Zuelen ze verschaffen, dofir huet een sech an der Buvette mol e Moment geholl, fir eng Analys ze maachen.

# 22 Tooor in Mainz

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng Nouvelle, déi engem Äerdbiewen entsprécht, schockéiert d’Fussballwelt: De Kevin Großkreutz, de Mann mat sou villen Talenter, hänkt seng Fussballschong un de Nol an d’Buvette erweist him déi lescht Éier. Vun engem Skandal an den aneren: Zu Gladbach gi well Geschichten em de Schwäizer Embolo ronderëm, wat do stemmt a wat net, bleift elo mol nach e Rätsel. Fir de Moment vun der Woch huet awer definitiv de Leandro Barreiro gesuergt, deen als drëtte Lëtzebuerger iwwerhaapt an der Bundesliga e Gol schéisst a senge Mainzer Jonge ganz wichteg Punkte bréngt. An zu Liverpool gëtt et sou lues ongemittlech, nodeems hier Serie an der Premier League ob en Enn geet an och am FA-Cup Schluss ass.

#21 Sons of Union

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Leider huet den FC Déifferdeng de Sprong an déi nächst Ronn vun der Futsal Champions League verpasst, mee trotzdeem all Respekt, well hier Platz an de Lëtzebuerger Geschichtsbicher ass sécher. An der Bundesliga dierf Bayern säi Virsprong ganz gemittlech ausbauen, well sech soss kee responsabel fillt, Meeschter ze ginn. Opfälleg war de Weekend just, dass d’Konferenz um Samschde Metten onopfälleg war. Dofir war méi Zäit fir an England ze kucken, well do den absolutte Spëtzematch um Programm stoung, och wann een do hätt méi kennen erwaarden. An dann huet nach en jonken Här vu Paräis fir Opreegung an der Buvette gesuergt.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us