Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#51 De Mo an der Telefonskabinn

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Nei Woch, nei Episod. De Ben a säi Progrès huelen 3 Punkten an enger weiderhi spannender BGL-Ligue mat, wärend den Dylan mat TUS Königsdorf op enger laanger Auswährtsfahrt déi éischte Kéier an dëser Saison keng 3 Punkte mathëlt. An der Bundesliga ass géint Bayern kee Kraut gewuess, egal wéi en Trainer op der Säitelinn steet. Highlight vum Weekend war awer den Toppmatch an England, dee méi wéi däitlech ausgaangen ass an dat och de Grond ass, dass am Old Trafford ee Stull ferm um wackelen ass.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us