Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#47 Deen hat scho Giel

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Mir erliewen eng spannend BGL-Ligue Saison, wou gefillt jiddereen e Wuert em déi éischt Platze matzeschwätzen huet. An der Bundesliga sinn et rëm déi Dortmunder, déi dem Gilles Suerge maachen, och wann eng Arbitterdécisioun groussen Undeel dorun huet. A wann de Ronaldo den nächsten Eelefmeter schéisst, dierft dem Bruno Fernandes säi Ball dann och mëttlerweil ukomm sinn. Zu gudder Lescht steet rëm Champions League un, wou eis zwee Nationalspiller sensationell gestart sinn.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us