Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 156 - D'Roud Léiwen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Lännermatchpaus heescht zwar keng BGL Ligue, keng Bundesliga a Co., mee Lännermatchpaus heescht och Zäit fir d'Roud Léiwen. De Ben, de Gilles an den Dylan kucken wéi et aktuell em d´Roud Léiwen steet, schwätzen iwwert den UNK an der Éierenpromotioun a maachen an dëser Folg souguer e Schwenker riwwer bei d'Paralympics.

Episod 155: Hunnegdrëpp

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

BGL Ligue, Éierepromotioun, 1.Divisiounen an d'Lëtzebuerger am Ausland. De Ben, de Gilles an den Dylan hunn erëm alles analyséierta beschwätze bei weem et leeft, bei weem et eventuell grad net esou leeft, wou d'Goler geschoss ginn a wou een eventuell nach e Goalkipp gebraucht hätt. All dat a nach vill méi an dëser Folleg Buvette.

Episod 154 - Fouersonndig

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Am ganze Land leeft erëm de Fussball an d'Buvette ass rëm zu dräi. An dëser Episod bleiwen de Ben, den Dylan an de Gilles rëm nëmmen am Lëtzebuerger Land a kucken sech u wat an der BGL Ligue, der Ehrenpromotioun an an deenen anere Ligen de leschte Weekend lass war.

Episod 153 - Sauere Gurken

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod ass de Ben eleng mam Dylan a si beschwätze wéi ëmmer dat Wichtegst aus dem Lëtzebuerger Fussball. Wat war an der BGL Ligue lass, wat ass an der Ehrenpromotion geschitt a firwat lount sech e Match an der éischter Divisioun besonnesch?

Episod 152 - Den Hummer vum Summer

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Buvette ass rëm zeréck an et gëtt alles op lénks gedréit! Keng Bundesliga méi, keng Premier League méi, näischt Internationales méi. Nëmmen nach déi interessant Saachen an zwar de Fussball aus Lëtzebuerg. De Ben de Gilles an den Dylan hunn sech Gedanke gemaach a plapperen an dëser Episod iwwer Aktuelles aus der BGL Ligue, e Sensatiounstrikot a maachen sech prett fir de Start vun deenen aneren Ligen.

Episod 151 - Vakanz

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et assdéi allerlescht Buvette fir dës Saison, an där op d'Tabellen an d'Barragematcher vum Lëtzebuerger Fussball,sou wéi d'Final vum DFB Pokal gekuckt gëtt. Net ze vergiessen, stinn iwwert de Summer awer nach ganz wichteg Tournoien um Programm. Wéi eng genau, gëtt et an dëser Episod ze héieren.

Episod 150 - Kroni Toos

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et ass déi lescht Buvette fir dës Saison an d'Buvette kuckt op eng jett Abschider. Den Dylan, de Kroos, de Kloppo, de Streich a vill weider Typpe verloossen d'Fussballsbün. De Sinani huet St.Pauli an d'Bundesliga geschoss, de Barreiro wiesselt op Benfica an de Lëtzebuerger Fussball huet fir e Skandal gesuergt. Dat a nach villes mei an dëser Episod Buvette.

Episod 149 - Entscheedungen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An der Fussballwelt kënnt et esou lues zu Entscheedungen. Kaiserslautern huet d'Klass gehal, Kiel a Pauli sinn opgestigen, Déifferdeng ass Champion, Nidderkuer ass Coupegewënner an an an… Natierlech gëtt dann och an den Ekippen deementspriechend gefeiert a wansinneg Interviewe gehalen. Alles am Detail an dëser Episod Buvette.

Episod 148 - De Baumgart a säin Noper

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Ben an den Dylan hunn sech dës Kéier nees d'Méi gemaach an hunn all déi wichtegst Saachen aus der Fussballswelt fir dech opgegraff. Rouspert suergt dofir, dass et keng Meeschterschaftsfeier fir Déifferdeng gouf, den Jamie Carragher huet gelieft wéi een aus der Buvette, De Kroos spillt weiderhin Zockerpassen, de Max Kruse gesäit aus wéi de schlechten Ailton an de Baumgart hat Streit matt sengem Noper.

Episod 147 - Es ist mir scheißegal

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Fussball fiddert eis rëm mat genuch Themen. Am Lëtzebuerger Fussball sti Beetebuerg a Sandweiler schonn als Opsteiger fest, zu Rouspert kommen d'Wierm aus dem Terrain an d'11Freunde schreift schéi Berichter iwwert eist Land. An der Bundesliga huet de Wurst-Uli géint den Tuchel gesténkert a Leverkusen schéisst rëm an der Nospillzäit den Ausgläich a verléiert rëm net. Themen iwwer Themen iwwer Themen nëmme fir dech an der neier Episod Buvette.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us