Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#10 Muertentrëppeler

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Nations League, Dammefussball, Coupe de Luxembourg, Bundesliga, Premier League, Serie A, Eredivisie a quasi all eenzelen Nationalspiller. Déi dräi aus der Buvette hunn an dëser Episod quasi näischt ausgelooss. D'Fussballgötter, Zlatan Ibrahimovic, Gerson Rodriguez a Mario Götze hunn de Weekend de Ball an de Filet gejot. An England gi méi Goler geschoss wéi bei The Voice of Germany gebuzzert gëtt. Just d' Bundesliga hat eis näischt ze bidden. Bravo un Schalke fir den éischten Punkt, mee soss war et sou langweileg wéi een Discobesuch an Corona-Zäiten.

#9 Nations League - Schampes League

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Déi gutt Noriicht ass, weder den Dylan, nach de Gilles, nach de Ben hunn de Weekend hire Match verluer. Op der anerer Säit stoungen all d' Ligen stall.... Well et war un der Nations League! Eis jonk Léiwen hunn de Match géint Zypern gewonnen a fléien lo op Montenegro. Ee Genoss ass et, deenen nozekucken. Aner grouss Natioune maachen do net sou vill Spaass. Dann huet den Deadline Day eis Fussballshäerzer méi héich schloen gelooss. Vun Choupo-Moting bis op Götze waren mir begeeschtert. Ausserdeem schafft den Jeff Saibene un sengem Legendenstatus um Betzenberg.

#8 Waassermeloune-Sonndeg

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

4 Mol Lewandowski an déi 8. Buvette Episod. Wéi gewinnt hunn de Gilles, Dylan a Ben op hire Weekend gekuckt. Mee ganz éierlech, do ginn et méi intressant Themen. Wéi zum Beispill eist Liblingsthema, de FC Schalke 0:4. Déi hunn eis et nämlech extrem einfach gemaach dëse Weekend ee Sproch ze bréngen. D'Dortmunder U19 gewënnt och, soudass eise Gilles gutt konnt schlofen a ganz liicht ëmmer nach op d'Meeschterschaft hofft. Ausserdeem sinn op der Insel Goler iwwer Goler gefall. 6:1, 7:2...do war méi lass, wéi zu Berbuerg um Penalty Cup. Op eis Lëtzebuerger Nationalspiller hu mer och kuerz gekuckt. Den zweetjéngsten Thill ka sech schéin a Portugal weisen, wärend de Laurent Jans bei deene blanne Metzer just op der Bänk versauert....ee risegen Hohn soe mir just.

#7 Ciao David

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Drama op Gelsenkirchen léisst de Gilles an de Ben op mannst hier perséinlech Matcher vergiessen. An der Haaptroll een däitsch/amerikaneschen Trainer, dee seng Saache schlussendlech konnt packen. Lo geet et Bierg op fir déi Kinneksblo... Den Dylan huet zumindest eng Iddi fir d Zukunft. D'Blécker sinn awer och an England a Spuenien gewandert. Zu Madrid gëtt nämlech lo an Persoun vum Costa a Suarez gebass a geschloen. An dat erfollegräich.

#6 Endlech erëm 15h30

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Endlech....Samschdes 15h30, Bundesliga Konferenz. D'Liewe vun deenen dräi Buvette-Experte mécht erëm Sënn. Et war ee richteg haarde Weekend fir all Schalker an awer huet sech de Gilles déi Méiglechkeet net entgoe gelooss fir de Fanger an d’Wonn ze leen. Ausserdeem, en ongeschloent Duo zu Lëtzebuerg, interessant Matcher an England a Covid-Fäll a Portugal hunn de Ben, Gilles an Dylan och nach ënnert d'Lupp geholl.

#5 Kaartefestival zu Paräis

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod sinn den Dylan, Gilles an de Ben vun engem Land an dat anert gespronge. Bei PSG-Marseille gouf et méi Kaarte wéi bei enger Party Uno. Do stoungen Onsportlechkeeten fest um Programm. An Däitschland huet sech deen Haaptstad-Club missen aus dem DFB-Pokal verabschiden an ka sech voll op d'Bundesliga konzentréieren.... HA HO HE... Ausserdeem, mécht de Sanel Ibrahimovic sengem Ruff als Buteur an der BGL-Ligue all Éier, wouriwwer sécher och säin Namensvetter frou wier.

#4 Buli Prognosen 20/21

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Déi dräi aus der Buvette, den Dylan, Gilles a Ben knéie sech déif an d'Bundesliga a ginn hier Prognosen of. Fir den Dylan an de Ben steet de souveräne Meeschter fest. Woubäi de Gilles hoffnungsvoll op seng schwaarz/giel Beien hofft. (Stand Ufank September)
MEE.... Opgepasst! Den Transfertmaart schléift ni! Wann dir eis lauschtert ass bestëmmt scho rëm vill passéiert.

#3 Stuttgart oder Miami?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Dee beschte Lénksfouss eiser Zäit steet kuerz virun engem Wiessel, den Holger Badstuber kickt just nach an der zweeter Equipe vu Stuttgart a well beweisen, datt e méi kann. Aaaaah jo.... dann ass do nach ee gewëssene Lionel Messi, deen och net méi a sengem blo-rouden Trikot spille wëll. Am Lëtzebuerger Ländche rullt de Ball lo och endlech an allen Divisioune, soudass de Ben, den Dylan an den Immer mol gekuckt hunn, wien eventuell op- an ofsteigt a firwat dee Stadion zu Stroossen ausverkaaft war.

#2 Felicitatioun FC Souverainistan

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng turbulent Champions League Saison geet op en Enn. Mam FC Bayern alias FC Souverainistan als verdéngten Gewënner. Den Niklas Süle an all Bayern Fan feiert hoffentlech nach ëmmer deen Triple! Trotzdeem vergiesse mir déi kleng Equipe och net. An der BGL Ligue rullt de Ball och erëm an och den Kevin Grosskreutz huet et alt nees an des Episode gepackt.

Buvette mat Schoss - Stadien a Fans

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De Buvetten-Trio Dylan, Gilles a Ben schwätzen iwwert Stadien, Präisser a Fans am In- an Ausland. Den Dylan verréit iech op wéi enger Ersatzbänk hie scho geléiert huet. Wärend de Ben an de Gilles vun hiren Ausflich op Sevilla a Mailand erzielen. Anscheinend ginn et tëscht der Buvette am San Siro an där zu Éihnen Parallelen.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us