Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#60 Do kann een sech froen, firwat?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng ganz geckeg Episod mam Ben op der Äispist, dem Dylan, deen de Gabor Kirali imitéiert an de Gilles, deen eng oder déi aner ganz intressant Story vum Afrika-Cup matbréngt. Dann hunn déi zwee Knupperten aus der Bundesliga rëm geliwwert, an England ass den Zuch fir dem Tuchel seng Equipe fort an a Spuenien spillen déi eng e Match iwwert zwee Deeg, wärend déi aner souguer op engem anere Kontinent spillen. Do kann een sech froen, firwat?


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us