#57 Wat man mer wann de Géigner sou spillt?
De Ben trëfft monter weider an den Dylan feiert säi Comeback, wärend de Gilles nom däitsche Klassiker net sou richteg wees, wouhi mat sech. E Match, bei deem rëm alles dra war an um Enn awer op en Neits Bayern als Gewënner vum Terrain geet. Mee dat soll net den eenzege geckege Match an der Bundesliga gewiescht sinn! Iwwert Ëmweeër soll den Dylan matkritt hun, firwat et zu Gladbach net esou leeft... an op der Insel kann de Rolf Rangnick säin Debut feieren.
Comments
New comment