Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#53 Gänsehaut

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Zu Rodange gouf Bëton gemëscht an den Dylan huet e weidere Kreisligamatch am CV stoen. Am internationale Fussball huet de Gilles eng logesch Erklärung fir déi Dortmunder Resultater dem Ament an et schéngt, wéi wann den däitsche Meeschter scho rëm feststeet. Op der Insel ass Manchester scho rëm blo, an awer setzt den Ole Gunnar Solskjaer nach um Stull, och wann dat wuel just un engem gewëssene Ronaldo läit. An dann gouf et nach een oder deen anere Lëtzebuerger Gol de Weekend.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us