#38 Extas zu München
Dës Woch war et eng Buvette Late-Night-Show well de Gilles zu München ënnerwee war an eng Stad am Ausnamezoustand virfënnt. An et huet een d’Gefill, et gëtt manner iwwert d’Meeschterschaft geschwat wéi iwwert de Golrekord, wou d’Meenungen an der Buvette ausernee ginn. Eng perfekt Dortmunder Woch bréngt dann awer och Froe souwuel iwwert den aktuelle wéi och iwwert den zukünftegen Trainer op. Dramatesch bleift et weiderhin am Tabellekeller an an den europäesche Ligaen decidéiert sech da villes nach de leschte Spilldag.
Comments
New comment