Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 207 - Et gëtt gemunkelt

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS
Read transcript

Mir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach villes méi. Eng ganz schéi Geschicht gëtt et vun engem Match op der Grenz an der BGL Ligue z'erzielen, den Dylan schwäermt vun der klenger Buvette zu Uewerkuer a nach villes méi gëtt et an dëser Episod Buvette mam Titel "Et gëtt gemunkelt".


Comments


New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us