#18 Techtelmechtel am Manchester Derby
De Buvette Podcast seet NEE zu Rassismus!! a kuckt nach eng Kéier op d' Affär vun Paräis. Außerdem ass de Podcast endlech volljäreg ginn....18! An dat hunn déi Stuttgarter och richteg geféiert de Weekend. Ahhh nee, hier 5:1 Victoire géingt desolat Dortmunder war hinnen dunn awer ee méi grousse Grond zum Féieren. Dorops hi, gouf de Lucie Favre gebueden seng siwe Saachen ze packen an doriwwer war och net wierklech een onglécklech. D Bayern loossen och Punkte léien an domat heescht den néie Spitzenreiter Vize-Kusen.... Ehhhh pardon! Leverkusen! Déi sech souverän duerch d Liga spillen an och deene bloen aus der SAP-Arena keng Chance gelooss hunn.
An England gouf et eng Null-Nummer do der anerer. De Manchester Derby verdéngt deen Numm net mol am Usaz an Tottenham an Liverpool konnten och net méi wéi ee Punkt ergatteren.
Comments
New comment