Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#16 Mir soen Merci Diego!

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

De groussen Diego Maradona huet eis leider verlooss... an obwuel d Jongen en ni spille gesinn hunn, hunn se eng kloer Meenung zur argentinescher Legend.

Dann sinn déi dräi an d Bundesliga gehopst. Wou ee verzweiwelte Geessebock ni soll ënnerschätzt gi. Dat hunn och d Beien aus Dortmund de Weekend misse feststellen, wéi déi zweetlescht aus Köln hinnen d Punkte geklaut hunn. Mee.... dat war jo och rëm typesch BVB. Fir d Unhänger vum FC Schalke war alles wéi ëmmer, kee Punkt mee awer zwou Suspendéierungen. Läuft! Dann hunn de Gilles, Dylan an de Ben och rëm an d Premier League geluusst. Do war zwar net dat risegt Spektakel um Programm mee iwwert de VAR reegt sech do jo all Weekend een op.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us