Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

#15 Young Moukoko

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An dëser Episod hunn d Jongen aus der Buvette sech mol méi Zäit gelooss fir d lëtzebuergesch BGL Ligue ënnert d Lupp ze huelen. De Ben a säi Progrès kommen des Saison net sou richteg an d Rullen. Genau sou wéi déi sportlech Trupp aus Hesper, déi momentan och net mat sportlechen Noriichten op sech opmierksam mëscht. Trotz allem, ass de Jongen awer net entgaangen dass ee ganz ganz jonke Mann e Samschden säin Debut an der Bundesliga maache konnt. De Youssoufa Moukoko vu Dortmund, dierft e puer Minutten op déi grouss Bün a konnt mat sengen Idoler kicken an dobäi och nach seng éischt Victoire féieren.


Comments


New comment

By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us