Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

buvette

Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

No zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn. Wie steigt op? Wie gëtt dann elo Meeschter? Wat kennt alles op eis zou? All dat a villes méi gëtt et an dëser Episod vu Buvette mam Titel 'Wat ass dann nëmme lass?'.

Episod 204 - Force à Yannis

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

An der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen. An der Éierepromotioun gëtt et schon erëm een neie Spëtzereider a soss war et grondsätzlech zimmlech roueg. Wat et dann nach Schéines zu Mamer an der Buvette gëtt, gëss du wéi gewinnt an der Buvette mat der Episod Force àYannis gewuer.

Episod 203 - WhatsApp

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Zu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint Diddeleng an zwou Wochen. Wat nach esou op eisen Terrain lass war, wéi ëmmer hei an der Buvette - WhatsApp.

Episod 202 - Firwat am Fong ëmmer Fussball?

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Rouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu Sandweiler sou besonnesch war. Et geet, wéi et sech och gehéiert, méi ëm déi Saachen niewent dem Terrain wéi um Terrain. D' Episod 202 vun der Buvette befaasst sech och mam Theema firwat et am Fong ëmmer ëm Fussball geet.

Episod 201 - Iwwerraschungen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Iwwerraschungen an der BGL Ligue: Rouspert gewënnt 2:1 géint Nidderkuer, Mamer suergt dofir, dass Diddeleng den Trainer erausgeheit a Munneref gewënnt géint Bissen. De Laurent Jans ass schonn opgestigen, zu Munneref sinn d’Supporter ze haart an d’Terraine sinn iwwerall eng Katastroph. Wat nach sou lass war, gëtt et wéi gewinnt hei an der Buvette an dat mat lauter Iwwerraschungen.

Episod 200 - Weider geet et

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

D'Jonge vun der Buvette sinn nees do a feieren hir 200. Episod! Rouspert hëlt ee Punkt zu Stroossen, Bisse wënnt den Toppmatch géint Diddeleng an am ganze Land goufen déi orange Bäll nees erausgekroopt. An der BGL Ligue an an der Éierepromotioun rullt de Ball nees a wat alles soss nach sou geschitt ass, gëtt et wéi gewinnt an dëser Episod Buvette - Weider geet et also!

Episod 199 - Ab an d'Wanterpaus

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Eng ganz Hironn ass schonn erëm am Lëtzebuerger Land eriwwer. Mir kucken op e puer eenzel Matcher vum Weekend, gratuléieren engem ganz besonneschen Torschützen an zéien de Bilan vun den Tabellen an der Réckronn. Dat alles wëlls du net verpassen, da lauschter dir déi 199 Episod vun der Buvette un.

Episod 198 - Maske-Ben

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Virun enger Woch war deelweis ee fräie Fussballsweekend an elo gouf awer erëm gespillt. De Ben spillt eventuell mat Mask, den Dylan hat Bulli um Schung hänken, Bissen gewënnt weiderhin an Äischdall kann sech no engem zéie Kampf leider net belounen. Wat nach esou lass war wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Maske-Ben.

Episod 197 - Päifen, Pech a Pannen

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Et war Lännermatchpaus a genee iwwert déi schwätzen d'Jonge vun der Buvette an der neitster Episod. Lëtzebuerg geet mat 0 Punkten aus dem Match, mee et gi genuch positiv Saachen, déi ee mathuele kann a mat deenen et och méiglech sollt si fir géint Malta ze gewannen. An der Éierepromotioun enttäuschen déi éischt 4 Ekippe net a genee sou wéineg och déi Beggener an déi Réimecher. Wat soss nach esou lass war, gëtt et an dëser Episod vum Podcast Buvette.

Episod 196 - Alaaf

Download it: MP3 | AAC | OGG | OPUS

Coupe Weekend zu Lëtzebuerg an 11.11. zu Köln, wat gëtt et Schéineres? Rouspert gewënnt zu Monnerech mat enger motivéierter Buvette, Bissen klappt Diddeleng, dräi Ekippen aus der 2.Divisioun kommen an der Coupe FLF weider an den Dylan war zu Uespelt ënnerwee. Et ass nees vill geschitt a de ganzen Detail gëtt et wéi gewinnt ëmmer an der neitster Episod Buvette - Alaaf.

About this podcast

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Subscribe

Follow us